Skip survey header
Low Vision Mode Luxembourgish

Impfung géint de COVID-19

Impfunge sinn dat wierksaamst Mëttel fir Infektiounskrankheete virzebeugen. Mat enger Impfung kënne mir net nëmmen eis selwer, mee och eis Matbierger schützen. Duerch déi kollektiv Efforte vun der internationaler medezinescher Fachwelt, hu mir d'Chance elo och Impfstoffer géint de SARS-CoV-2 zur Verfügung ze hunn. Si spillen eng elementar Roll am Kampf géint de COVID-19 a wäerten eis hëllefen d'Pandemie an hir Auswierkungen op eis Gesondheet a Gesellschaft anzedämmen.

Déi lëtzebuergesch COVID-19-Impfstrategie ënnerstëtzt den Zougank zu sécheren an effikassen Impfstoffer. Esou kënnen déi gesondheetlech, sozial an ekonomesch Follge vun der COVID-19-Pandemie ageschränkt ginn. D'Impfstoffer droen dozou bäi, Liewen ze retten an eis Ressourcen optimal ze notzen.

Fir Är Meenung zum Thema Impfe besser ze verstoen, biede mir Iech bei dëser Ëmfro matzemaachen.

D'Ëmfro ass anonym.

Bei Froen, kontaktéiert wgl. eis Helpline: +352 247-65533.