Skip survey header
Luxembourgish
2. Är Kontaktdaten
Informatioun iwwer d'Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën
D'perséinlech Donnéeën, déi Dir eis matdeelt, ginn am Aklang mam EU Reglement 2016/679 du Parlement européen et du Conseil du 27 avril 2016 relatif à la protection des personnes physiques à l’égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation des données ("GDPR" am Text).
Zoustänneg fir d'Verschaffen vun den Daten ass de Ministère fir Landwirtschaft, Liewensmëttel a Wäibau - Direktioun fir Verbraucherschutz ("DPC" am Text) op 271, route d'Arlon, L-1650, Lëtzebuerg an de Centre des technologies de l’information de l’État("CTIE" am Text). 560, rue de Neudorf, L-2220, Lëtzebuerg
D'Donnéeën, déi Iech betreffen, gesammelt am Formulaire op fräiwëlleger Basis, ginn vun der DPC verschafft fir Iech e "Non au colportage" Sticker per Post ze schécken.
Wann Dir de Formulaire ausfëllt an op de Knäppchen"Schécken" klickt, gëtt dëse Formulaire direkt op de Site vum CTIE Sous-traitant iwwerdroen, nämlech surveygizmo.eu vun der Firma Alchemer LLC, an den USA etabléiert, 4888 Pearl East Circle , Suite 100W, Boulder, CO80301 (https://www.alchemer.eu/).
D'Period vun der Bearbechtung vun de perséinlechen Donnéeën ass déi vun der Dauer fir d'Verschécken vum Sticker "Non au colportage" an 2 weider Méint bis d'Daten definitiv geläscht kënne ginn.
Am Aklang mat der GDPR hudd Dir (i) e Recht op Zougang, (ii) e Recht op Oppositioun ausser a Fäll wou d'Veraarbechtung vun Daten obligatoresch ass, (iii) e Recht op Korrektur, (iv) e Recht op Läschung vun Ären Donnéeën an (v) e Recht op Restriktioun vun der Veraarbechtung.
Wann Dir eng Plainte betreffend d'Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën wëllt maachen, da mellt Iech w.e.g. bei der DPC iwwer d'E-Mailadress dpo@mpc.etat.lu.